Ikeya-Seki

Vu Wikipedia
C/1965 S1 (Ikeya-Seki)
Orbittyp laangperiodesch
Numeresch Exzentrizitéit 0.99991
Perihel 0,008 AE
Aphel 183,2 AE
Bunnschréi 141,864 Grad
Perihelduerchgank 21. Oktober 1965
Ëmlafdauer 876 Joer
Ëmlafvitess 476,9 km/s
Physikalesch Eegenschafte vum Kär
Duerchmiesser ?
Entdecker K. Ikeya an T. Seki
Entdeckungsdatum 18. September 1965
Aner Bezeechnungen 1965 f, 1965 VIII

Ikeya-Seki (C/1965 S1) ass e Koméit, deen den 18. September 1965 onofhängeg vun de japaneschen Amateurastronome Kaoru Ikeya an Tsutomu Seki entdeckt gouf.

De Koméit gehéiert zu der Kreutz-Grupp, eng Grupp vu Koméiten, déi ganz no laanscht d'Sonn fléien. Seng Ëmlafperiod dauert zirka 880 Joer. Ikeya-Seki gëllt als ee vun den opfällegste Koméite vum leschte Joerdausend a gëtt och dacks als de Grousse Koméit vun 1965 bezeechent.

Éischt Bunnbestëmmungen haten erginn, datt hien den 21. Oktober 1965 bis op 450.000 km un d'Sonn eru géif kommenkënnt an immens hell géif ginn. D'Viraussoen hate sech erfëllt an den Ikeya-Seki war souguer am Dag däitlech nieft der Sonn ze gesinn. Hien hat eng visuell Magnitude vu −10m erreecht a war domat den drëtthellsten Objet um Himmel (no Sonn und a Mound).

Kuerz virum Perihel ass de Koméit an dräi Deeler zerbrach, déi sech op identesche Bunne beweegt hunn. No dem Duerchgank waren d'Fragmenter am spéiden Oktober nees ze gesinn, woubäi hien ëmmer nach e ganz helle Schwäif ausgebilt hat. Am Fréijoer 1966 hat en de wäitste Beräich vum Sonnesystem erreecht a war net méi z'observéieren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ikeya-Seki – Biller, Videoen oder Audiodateien