Indicateur

Vu Wikipedia

En Indicateur ass ëmgangssproochlech en Hiweis op ee bestëmmte Sachverhalt oder en Evenement. An der Wëssenschaft ass den Indicateur en Hëllefsmëttel, dat et engem erlaabt eng Situatioun oder eng Tendenz zu engem bestëmmten Zäitpunkt an op enger bestëmmter Plaz ze moossen, an dat op eng relativ objektiv Manéier. Den Indicateur ass eng Aart Resümmee vu komplexen Informatiounen, deen et de verschiddenen Akteuren (Wëssenschaftler, Politiker, Gestionnairen, Zivilgesellschaft...) erlaabt, mateneen ze dialogéieren an hëlleft, eng Entscheedung ze treffen (wéi ee mat enger Situatioun ëmgoe soll, wat een ajustéiere oder verbessere soll).

Beispiller vun Indicateure sinn de Bourse-Index (an de Wirtschaftswëssenschaften) an den Ekologesche Foussofdrock (an den Ëmweltwëssenschaften).