Ekologesche Foussofdrock

Vu Wikipedia
Ekologesche Foussofdrock an Hektar pro Awunner (2007): ██  5,4 - 10,7██  4,7 - 5,4██  4,0 - 4,7██  3,2 - 4,0██  2,5 - 3,2██  1,8 - 2,5██  1,1 - 1,8██  0,4 - 1,1██  keng Donnéeën

Den ekologesche Foussofdrock (op Englesch: ecological footprint) ass en Indicateur, deen et erlaabt den Impakt vum Mënsch op de weltwäiten Ekosystem ze moossen. Konkreet ass et deen Deel vu Fläch op der Äerd, deen néideg ass, fir de Liewensstil oder -standard vun engem Mënsch op laang Dauer ze garantéieren, an dat ënner den aktuelle Produktiounskonditiounen. Déi Fläch gëtt an Hektare gemooss an a sougenannt global Hektaren ëmgewandelt. Duerfir ginn ënner anerem d'Fläche consideréiert, déi ee brauch fir Kleeder, Liewensmëttel an Energie ze produzéieren, mä och fir Offall z'entsuergen.

Den Indicateur gouf an den 1990er vum Schwäizer Mathis Wackernagel a vum Kanadier William Rees entwéckelt, mat enger éischter akadeemescher Publikatioun vum Rees am Joer 1992[1] an dem Wackernagel senger Doktoratsthes (ënner Direktioun vum Rees) tëscht 1990 an 1994 op der Universitéit vu British-Colombia.[2] De Wackernagel huet 2003 d'Global Footprint Network gegrënnt, e Think Tank deen a Kalifornien baséiert ass, an an der Recherche iwwer Nohalteg Entwécklung aktiv ass a Methoden elaboréiert, mat deenen Nohaltegkeet a Ressourceconsommatioun gemooss ka ginn.[3]

Beschreiwung a Methodologie[änneren | Quelltext änneren]

Den ekologesche Foussofdrock vergläicht déi mënschlech Demande vun natierleche Ressourcë mat der Capacitéit vun der Biosphär, déi Ressourcen ze regeneréieren. Duerfir muss fir d'éischt d'Aërd- an d'Mieresfläch gemooss ginn, déi néideg ass fir déi Ressourcen ze produzéieren, déi vun engem Individuum oder enger Gesellschaft verbraucht ginn, a fir säin/hiren Offall z'absorbéieren. Déi Mesure beschränkt sech awer op déi biologesch produktiv Flächen (Felder, Bëscher, Waasserflächen déi fir d'Fëscherei benotzt ginn), wëll déi Flächen, déi net produktiv exploitéiert ginn (zum Beispill bebaut Flächen, Wüsten, héich Bierger) als neutral ugesi ginn.

D'Resultat gëtt a global Hektaren ëmgewandelt. Dofir gëtt e Standardhektar, deem seng Produktivitéit der Weltmoyenne vun der Produktivitéit vun engem Hektar entsprécht, als gemeinsam Moosseenheet benotzt. De globalen Hektar erlaabt et also, komplett ënnerschiddlech Surfacen op der Welt mateneen ze vergläichen, an och Schätzungen iwwer den ekologesche Foussofdrock an der Vergaangenheet (bis an d'Joer 1960) ze maachen.[4]

No der Quantifikatioun ginn déi verschidde Wäerter vum ekologesche Foussofdrock a verschidde Kategorien agedeelt: CO2-Bilanz, Liewensmëttelproduktioun, Logement, Produkter an Zerwisser. Den ekologesche Foussofdrock mécht och eng Schätzung, wéi vill Planéite wéi d'Äerd néideg wieren, wann all Mënsch op der Welt de selwechte Liewensstil géif féiere wéi den Individuum oder d'Gesellschaft, déi analyséiert goufen. Den Indicateur kann op Individuen, Gesellschaften, mä och op Aktivitéite wéi Transport oder Produktioun vun engem Produit applizéiert ginn.

Den ekologesche Foussofdrock gëtt awer och kritiséiert.[5] Ënner anerem gëtt him virgehäit, e wier ze simplistesch an e géif déi technologesch Entwécklung an d'Wuelerginn vun der Gesellschaft ignoréieren. Eng aner Reproche ass datt en net fir all Land op der Welt ausgerechent gëtt, mä nëmme fir eng Rei dovun. Donieft huet den Indicateur awer och technesch Limitten: En hëlt zum Beispill Rücksicht op d'Absorptioun vum Kuelendioxid (CO2) an den Ozeanen, mä e consideréiert net d'Versauerung vun den Ozeanen.

Resultater an Informatioune vum ekologesche Foussofdrock[änneren | Quelltext änneren]

Den Indicateur weist eng generell Tendenz zu engem ëmmer méi staarke mënschlechen Impakt op d'Ëmwelt. 2007 huet de Foussofdrock d'Biokapazitéit vun der Äerd, (dat heescht d'Capacitéit vun der Äerd, hir Ressourcen z'erneieren an den Offall z'absorbéieren, deen duerch de Konsum vun de Ressourcen entsteet) ëm 50% iwwerschratt. Dat bedeit, datt d'Mënschheet, wa si mat hirem aktuelle Liewensstil weiderfiert, eng an eng Hallef Äerd wäert brauchen, fir hir Besoinen op laang Siicht ze erfëllen.

Zënter 1966 huet sech den ekologesche Foussofdrock verduebelt, haaptsächlech well sech den CO2-Ausstouss zënter 1961 mat 11 multiplizéiert huet. Wéinst ënnerschiddlechen Entwécklungsstadie gëtt et awer grouss Disparitéiten tëscht de verschiddene Regiounen op der Welt.[6]

De gréisste Foussofdrock hat 2014 de Kuwait (méi wéi 10 Hektar pro Awunner, respektiv 4,8 Planéiten), virun dem Katar, de Vereenegten Arabeschen Emirater, Dänemark an der Belsch.[7] Fir Lëtzebuerg gouf keen ekologesche Foussofdrock erreecht. Global gesinn hunn d'Länner mat engem héijen Akommes vill méi e groussen Impakt wéi d'Länner mat engem niddregen Akommes. 2007 hunn déi 31 (räich) Memberlänner vun der OECD 37 % zum weltwäiten ekologesche Foussofdrock bäigedroen, wärend déi 10 Länner vun der ASEAN an déi 53 Länner vun der Afrikanescher Unioun zesummen nëmmen 12% representéiert hunn. Wéinst hirer grousser Bevëlkerung ass den Impakt vun de BRIC-Staate bal geneesou héich wéi dee vun der OECD, mä pro Kapp gesinn ass déi Empreinte vill méi niddreg. Trotzdeem ass de Wuesstemstaux vun individuellen Ofdrock an de Schwellelänner am héchsten. Sou huet sech den CO2-Ausstouss vun den ASEAN-Memberstaaten zënter 1961 verhonnertfacht.[8]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Rees, William E. (Oktobre 1992), "Ecological footprints and appropriated carrying capacity: what urban economics leaves out", Environment and Urbanisation, Vol. 4, Nr., pp. 121–130
  2. Wackernagel, Mathis (1994), "Ecological Footprint and Appropriated Carrying Capacity: A Tool for Planning Toward Sustainability", Doktoratsthes, University of British Columbia, Vancouver, Kanada
  3. Global Footprint Network, "En un seul coup d'œil", URL: https://web.archive.org/web/20150502103630/http://footprintnetwork.org/fr/index.php/GFN/page/at_a_glance/ (lescht Aktualiséierung: 12. Abrëll 2014)
  4. Global Footprint Network, "What is a global hectare?", URL: https://web.archive.org/web/20131029220310/http://www.footprintnetwork.org/de/index.php/GFN/page/frequently_asked_technical_questions/#gen6 (lescht Aktualiséierung: 30. Oktober 2014)
  5. Global Footprint Network, "Interpretation and Criticism", URL: http://www.footprintnetwork.org/en/index.php/GFN/page/frequently_asked_technical_questions/#ic (lescht Aktualiséierung: 30. Oktober 2014)
  6. WWF (2014), "Rapport Planète Vivante 2014: Des hommes, des espèces, des espaces, et des écosystèmes", p. 33
  7. ibidem, p. 36
  8. WWF (2010), "WWF Living Planet Report 2010: Biodiversität, Biokapazität und Entwickung", p. 38-40