Ingrid Stampa

Vu Wikipedia
Ingrid Stampa
Gebuer 23. Februar 1950
Uedem
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Museker, Musikolog, Universitéitsprofesser

D'Ingrid Stampa gebuer den 23. Februar 1950 bei Kleve um Niderrhäin, ass Musekprofessesch an Haushälterin vum Poopst Benoît XVI. (biergerlech: Joseph Ratzinger). No dem Doud vum Kardinol Ratzinger senger Schwëster huet d'Ingrid Stampa 1991 d'Plaz als Haushälterin vum Kardinol iwwerholl.

Si hat deemools schonn eng erfollegräich Carrière als Musekerin a Wëssenschaftlerin hanneru sech. Si huet mat 18 Joer ee Studium vun der Aler Musek op der Museksakademie vu Basel ugefaangen. No hirem Ofschloss huet si 1975 an der Schwäiz als Dozentin ugefaange mat schaffen, gouf awer schonn ee Joer méi spéit op Hamburg geruff, wou si bis Enn vun den 1980er Jore Professesch am Fach Viole de Gambe war. Si ass och déi Zäit als Gambistin opgetratt. Si huet och mat dem Ensembel vun der Basler Museksschoul Disquen opgeholl, an huet als excellent Kënschtlerin gegollt.

Si huet och e puer Bicher vum Poopst Jean-Paul II. op Däitsch iwwersat.