Inle-Séi

Vu Wikipedia
Inle-Séi
Land Myanmar
Länner um Uwänner Myanmar
Fläch 120 km²
Héicht. i. M. 884 m

Den Inle-See, ass e Séisswaasserséi am Distrikt Nyaung Shwe, am Shan-Staat, am Myanmar.

En ass vun Norden no Süden eng 22 km laang a vun Ost no West maximal 10 km breet. E läit op 875 m iwwer dem Mier. Mat enger geschater Fläch vun 12.000 Hektar ass en nom Indawgyi-Séi deen zweetgréisste Séi am Myanmar. En ass an der Reeperiod maximal eppes iwwer 4 Meter déif, soss alt just d'Hallschecht.

Ronderëm de Séi leie 17 Dierfer, déi op Péil gebaut sinn. Am Ganze wunnen hei eng 70.000 Leit. Si liewe virun allem vu Geméis, Uebst a Blummen, déi s'op Felder ubauen, déi um Waasser schwammen. Traditionell fueren d'Fëscher vun do mat klenge Kanuen, déi se mam Fouss rudderen.

Am Inle-Séi a ronderëm goufen eng 30 endeemesch Fëschaarte festgestallt. Zanter 1985 ass en en offiziellt Vulleschutzgebitt.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Inle Lake – Biller, Videoen oder Audiodateien