Installation permanente de contre-sens

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
IPCS-Weichen op der Maurienne-Streck südlech vu Chambéry.

Eng Installation permanente de contre-sens (kurz IPCS, op lëtzebuergesch Permanent Géigefuerariichtung) ass eng technesch Ariichtung, déi a Frankräich benotzt gëtt an déi et erlaabt, d'Zich op enger duebelgleiseger Streck op béide Gleiser och a Géigerichtung fueren ze loossen. Se kënnt zum Asaz wann eent vun den zwee Gleiser net méi ka benotzt ginn (zum Beispill wéinst engem Schantjen, well Hënnernesser op engem Gleis sinn oder fir d'Gestioun vum Verkéier ze vereinfachen).

Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Op enger duebelgleiseger Streck fueren d'Zich normalerweis um lénkse Gleis vun hirer Fuerrichtung (sens normal). Eng IPCS erlaabt et, d'Zich och um rietse Gleis fueren ze loossen (contre-sens), ouni de Maschinist doriwwer extra misse mëndlech oder schrëftlech a Kenntnis ze setzen. Am Elsass an am Museldepartement ass de contre-sens um lénkse Gleis, well d'Zich historesch bedéngt normalerweis riets fueren.