Institut national de chirurgie cardiaque et de cardiologie interventionnelle
| Häerz-Zenter | |
|---|---|
|
| |
|
Niewegebai vum INCCI | |
| Typ | Spezialiséiert Klinick |
| Lokalisatioun | |
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Lëtzebuerg |
| Plaz | Lëtzebuerg |
| Adress | 2A, rue Nicolas Ernest Barblé |
| Koordinaten |
49° 37’ 6.265’’ N 06° 05’ 58.708’’ O |
| Um Spaweck | https://www.incci.lu/fr/ |
| Medezinesch Ariichtung | |
| Rechtsform | Stëftung (Lëtzebuerg) |
| RCS-Nummer | G16 |
| Personal | () |
| Betterzuel | () |
| Proprietär | |
|
| |
Den Institut national de chirurgie cardiaque et de cardiologie interventionnelle (INCCI) ass eng Spezialklinick zu Lëtzebuerg, déi fir déi invasiv Behandlung vun Häerzkrankheeten zoustänneg ass. Den INCCI gouf 1997 als Fondatioun gegrënnt an den 1. Juni 2001 ageweit. Den Institut ass och nach ënnert den Nimm Häerz-Zenter oder Häerz-Fondatioun bekannt.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den 12. Mäerz 1997 hu sech d'Schwëstere vun der Elisabethrinnerklinick mam Centre hospitalier zesummegedoe fir eng Stëftung ze grënnen, mam Zweck fir den ICCI opzebauen, ze leeden an ze bedreiwen. Den ICCI war am Spidolsplang virgesinn a gouf den 19. Januar 1996 vum Regierungsrot autoriséiert.[1]
An enger Konventioun gouf festgehalen, datt:
- de Service fir d'Häerzchirurgie verantwortlech ass fir all Interventiounen um Häerz, de Korona- an de Mediastinalgefässer, souwéi fir all Interventiounen, déi d'Benotze vun engem extrakorporalen Zirkulatiounsapparat erfuerderen. De Service stoung ënnert der medezinescher Leedung vun enger häerzchirurgescher Ekipp; déi dräi éischt Membere waren den Dr Bourg, Dr Lo an den Dr Georg Wendt;
- de Service vun der invasiver Kardiologie zoustänneg ass fir Koronarographien a Ventrikulographien, gradewéi fir perkutan transluminal Interventiounen op der Héicht vun de Koronararterien an den Häerzkummeren. De Service stoung ënnert der medezinescher Leedung vun enger Ekipp déi vum CHL erausgesicht gouf; déi initial Membere waren den Dr Beissel, Dr Pesch, Dr Delagardelle, Dr Essamri an den Dr Ludwig.
Medezinesch Offer
[änneren | Quelltext änneren]Den ICCI këmmert sech ëm intensiv, invasiv kardiologesch a chirurgesch Behandlunge vun Häerzkrankheeten a vun de groussen intrathorakale Gefässer. Am INCCI schaffe Kardiologen, Interventiounskardiologen, Häerzchirurgen an Anästhesisten zesumme fir de Patienten déi beschtméiglech Therapie ze bidden.
Gouvernance
[änneren | Quelltext änneren]Presidente vum Verwaltungsrot
[änneren | Quelltext änneren]| Vu(n) | Bis | President | Bemierkung |
|---|---|---|---|
| 1997 | 1998 | Ernest Osch | |
| 1999 | ? | Henri Beck | ad interim, nom Doud vum E. Osch |
| ? | Paul Mousel | ||
| … | |||
| 2011 | 2013 | Raymond Lies | |
| 2013 | 2016 | Romain Nati | |
| 2016 | 2019 | Claude Braun | |
| 2019 | 2021 | Romain Nati | |
| 2022 | 2024 | Claude Braun | |
| 2025 | 2030 | Martine Goergen |
Quell: Handelsregëster, lbr.lu, Nr G16
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Institut national de chirurgie cardiaque et de cardiologie interventionnelle – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Art. 4 vun de Grënnungsstatute vun 1997
