Op den Inhalt sprangen

Intelsat I

Vu Wikipedia
Intelsat I - F1
Ingenieure préifen den Intelsat 1
Missioun Televisiounssatellit
COSPAR-Bezeechnung 1965-028A
Drorakéit Delta D
Optrag vun der NASA
Bedreiwer Intelsat
Startmass 68 kg beim Start
34,5 kg am Weltraum
Start an Enn 6. Abrëll 1965, 23:47:50 UTC
Startplaz LC17A, Cape Caneveral
aktuell Positioun 38° West (1966), hien drift haut

Den Intelsat I F1 (oder „Early Bird“) war deen éischte kommerzielle geostationären Televisiounssatellit weltwäit an deen éischte vun der International Telecommunication Satellite.

Den Intelsat I gouf fir d'Communications Satellite Corporation (COMSAT) vun der Space and Communications Group vun der Hughes Aircraft Company, spéider Hughes Space and Communications Company an haut Deel vun der Boeing Satellite Systems op Basis vun de Syncom-Satellitte vun der NASA gebaut an ass de 6. Abrëll 1965 mat enger Delta-D-Rakéit vun der Weltraumgare Cape Canaveral zu Florida an de Weltraum gestart ginn All.

De Satellit gouf vun der New York Times „Early Bird“ (Fréiop) gedeeft. Hie gouf vun der US-Noriichtegesellschaft Comsat kaf a Jore méi spéit un déi weltwäit aktiv Noriichtesatellittenorganisatioun Intelsat weiderverkaf. Den Early Bird huet vu senger Positioun 35.800 km iwwer dem Equator um 28° westleche Längegrad den 2. Mee 1965 d'Televisiounsspaasssendung „Premiere im Weltraum“ op béid Säite vum Atlantik iwwerdroen. En huet mam kommerziellen Déngscht den 28. Juni 1965 offiziell ugefaangen. Trotz der geplangter Liewensdauer vun nëmmen 18 Méint huet hie méi wéi dräi Joer funktionéiert a gouf eréischt am Januar 1969 ofgeschalt, awer am Juni 1969 fir d'Missioun vun Apollo 11 nees fir zwéi Méint reaktivéiert. Am Joer 1984 gouf hien nach eng Kéier fir dat zwanzegjäregt Jubiläum vun der ITSO kuerz reaktivéiert.

Den Early Bird war zylindreg, spinstabiliséiert a konnt 240 Telefongespréicher oder eng Televisiounssendung iwwerdroen. Ouni Undriff war si nëmme 34,5 Kilogramm schwéier. D'Sendeleeschtung vun de béiden Transponder (jee ee pro Richtung Europa-Amerika an zeréck)[1] war jee 6 Watt, déi ganz Leeschtung hat 40 Watt. De Satellit huet en Duerchmiesser vun 72 Zentimeter an eng Längt vun 59 Zentimeter.[2]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. D. I. Dalgleish, Institution of Electrical Engineers, An introduction to satellite communications, ISBN 0863411320 (en)
  2. (en) Gunter's Space Page: Intelsat 1