Iota Horologii b

Vu Wikipedia

Den Iota Horologii b ass en Exoplanéit, deen de gielen Zwerg Iota Horologii an 302,8 Deeg ëmkreest. Wéinst senger héijer Mass gëtt ugeholl, datt et e Gasplanéit ass.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

Wéi déi meescht vun allen Exoplanéite gouf och dëse Planéit mat der Radialvitessmethod vum Martin Kürster et al. am Joer 1999 entdeckt.

Ëmlaf a Mass[änneren | Quelltext änneren]

De Planéit kreest op enger Distanz vun zirka 0,93 Astronomeschen Eenheeten ëm säi Stär an huet eng Mass vun zirka 661,2 Äerdmasse respektiv 2,08 Jupitermassen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]