Irkutsk

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Irkutsk
Land Russland
Federatiounskrees Sibirien
Status Oblast
Regioun Irkutsk
Gegrënnt 1661
Awunner 623.736 (2017)
Fläch 324
Koordinaten 52°17'N, 104°18'O
Telefonszon 3952
Postcode 664000–664999
Websäit http://admirk.ru/


D'Stad mat senger Agglomeratioun

Irkutsk (Иркутск) ass d'Haaptstad vum Oblast Irkutsk a Sibirien, Russland. Si läit um eenzegen Offloss vum Baikalséi, der Angara, souwéi un der Transsibirescher Eisebunn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad ass aus deem Mëtt vum 17. Joerhonnert vum Kosak Jakow Pochabow gegrënnte Jandaschewski Fort ervirgaangen, dat um Uwänner vun der Angara louch a geduecht war fir Goldhandel ze bedreiwen an d'Pelzsteier vun de Burjaten anzedreiwen.

Den Numm Irkutsk koum schliisslech vum Floss Irkut, deen do an d'Angara fléisst.

Irkutsk huet sech séier zum wichtegste Stützpunkt am Handel mat China entwéckelt. Bis zum September 1670 ass eng Festung mat véier Tierm entstanen a 1686 krut se offiziell d'Stadrecht.

Zanter uganks vum 20. Joerhonnert gëtt Irkutsk wéinst senger schéiner Architektur "Paräis vu Sibirien" genannt.

D'Gare vun Irkutsk

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Irkutsk – Biller, Videoen oder Audiodateien