Isabelle Schlesser

Vu Wikipedia

D'Isabelle Schlesser, gebuer den 3. Juli 1973 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Juristin.

Si huet hir Droitsstudie mat engem Master 2 an Europarecht ofgeschloss a fir d'éischt als juristesch Beroderin geschafft, ier se bei Luxinnovation gewiesselt ass, wouvu se spéider Generalsekretärin gouf.

2012 gouf si Directrice-adjointe, an e puer Méint drop Direktesch vun der ADEM.[1]

Den 22. Juni 2016 gouf si vun der Regierung zum Member vum Staatsrot ernannt.[2]

Referenzen

  1. 1,0 1,1 Fiche Isabelle Schlesser op paperjam.lu.
  2. Jean-Michel Hennebert: "Isabelle Schlesser occupera le siège laissé vacant." paperjam.lu, 22.06.2016, 15:31.