Isopentan
Ausgesinn
| Isopentan | |
|---|---|
| Systemateschen Numm (IUPAC) | 2-Methylbutan |
| Trivialen Numm | Isopentan, Methylbutan |
| Cheemesch Formel | C5H12 |
| Ausgesinn / Geroch | faarflos Flëssegkeet mat engem Geroch no Bensinnn |
| Eegenschaften | |
| Dicht | 0,616 g/cm3 |
| Léislechkeet | 48 mg/l bei 20 °C am Waasser |
| Agregatzoustand | flësseg |
| Molmass | 72,15 g/mol |
| Schmëlzpunkt | 159,9 °C |
| Kachpunkt | 27,7 °C |
| Dampdrock | 761 hPa (20 °C) |
| Thermodynamesch Daten | |
| Standard Formatiounsenthalpie ΔfH0 |
−179 KJ·mol−1 |
| Standardentropie S0 |
260,7 J·K−1·mol−1 |
| Verbrennungsenthalpie ΔcH0 |
−3504 KJ·mol−1 |
| Weideres | |
| Änlech Moleküllen | n-Pentan Neopentan Hexan |
| Cheemesch Famill | Alkanen |
Isopentan oder 2-Methylbutan ass en aliphatesche Kuelewaasserstoff, deen zu der Famill vun den Alkane gehéiert. En ass ee vun deenen dräi Isomeren aus der Grupp vun de Pentanen, déi nach aus n-Pentan a Neopentan besteet.
Physikalesch Eegenschaften
[änneren | Quelltext änneren]Isopentan ass eng Flëssegkeet ouni Faarf a richt änlech wéi Bensinn.
Cheemesch Eegenschaften
[änneren | Quelltext änneren]Isopentan ass liicht brennbar a verbrennt mat Sauerstoff zu Kuelendioxid a Waasser.
Virkommen
[änneren | Quelltext änneren]Isopentan kënnt am Äerdgas an am Pëtrol vir an entsteet beim Cracking
Uwendung
[änneren | Quelltext änneren]Isopentan ass e Bestanddeel vu Bensinn mat héijer Oktanzuel. E gëtt och als Léisungsmëttel fir Ueleger a Fetter gebraucht an zur Produktioun vun Isopren an Insektiziden.