Ivo Josipović

Vu Wikipedia
Ivo Josipović
Gebuer 28. August 1957
Zagreb
Nationalitéit Kroatien
Aktivitéit Komponist, Politiker, Universitéitsprofesser, Affekot

Den Ivo Josipović [ ˈiːʋɔ ˈjɔsiːpoʋitɕ ], gebuer den 28. August 1957 zu Zagreb, ass e kroatesche Museker, Jurist a Politiker. Hie gouf den 10. Januar 2010 am zweeten Tour zum President vu Kroatie gewielt. Vum 19. Februar 2010 bis zum 15. Februar 2015 war hie President vu Kroatien.

Den Ivo Josipović ass Professer fir Droit op der Universitéit Zagreb. Hien huet och en Diplom als Komponist vun der Museksakademie vun Zagreb. 1985 krut hien den éischte Präis vun der EBU fir säi Wierk Samba da Camera.

Zanter 2003 ass hien Deputéierte vun der Sozialdemokratescher Partei vu Kroatien am kroatesche Parlament. 2010 huet hien d'Presidentschaftswalen am zweeten Tour mat 60,29% vun de Stëmme géint de Buergermeeschter vun Zagreb, Milan Bandić, gewonnen.[1].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ivo Josipović – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Le social-démocrate Josipovic remporte la présidentielle croate Gearchiveerd op 2010-01-12. Gekuckt de(n) 2010-01-12.