Iván Duque
Ausgesinn
Iván Duque | |
---|---|
Gebuer |
1. August 1976 Bogotá |
Nationalitéit | Kolumbien |
Educatioun |
Georgetown University, Harvard Universitéit |
Aktivitéit | Politiker, Affekot, Schrëftsteller |
Den Iván Duque Márquez, gebuer den 1. August 1976 zu Bogotá, ass e kolumbianeschen Affekot a Politiker (Centro Democrático; CD).
Hie gouf den 9. Mäerz 2014 als Member vum Senat an de Kongress vun der Republik gewielt. Virdru war hien Direkter vum Service Kultur, Kreativitéit a Solidaritéit bei der Interamerikanescher Entwécklungsbank (IDB).[1]
De 17. Juni 2018 gouf hien als neie President vu Kolumbie gewielt.[2],[3]
Hien ass mat der Affekotin María Juliana Ruiz, mat där en 3 Kanner huet, bestuet.[4]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Iván Duque – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Senador Iván Duque Márquez congresovisible.org, gekuckt den 22. Januar 2018.
- ↑ Iván Duque, el nuevo Presidente de Colombia eltiempo.com, vum 18. Juni 2018
- ↑ Tjerk Brühwiller: Rechtskonservativer Kandidat gewinnt Wahl in Kolumbien faz.net
- ↑ Este es Iván Duque, el candidato uribista a la presidencia 2018. eltiempo.com, 11. Dezember 2017.