Jérôme Savary

Vu Wikipedia
Jérôme Savary
Gebuertsnumm Jean Jérôme Savary
Gebuer 27. Juni 1942
Buenos Aires
Gestuerwen 4. Mäerz 2013
Levallois-Perret
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École nationale supérieure des arts décoratifs
Aktivitéit Schauspiller, Theaterregisseur, Dramaturg, Filmregisseur, Trompettist, Dréibuchauteur, Filmschauspiller
Famill
Liewenspartner(in) Mona Heftre

De Jérôme Savary, gebuer de 27. Juni 1942 zu Buenos Aires a gestuerwen de 4. Mäerz 2013 zu Levallois-Perret, war e franséischen Theaterregisseur, Theater- an Operenintendant, Schauspiller Musikant an Auteur.

Hien huet ufanks zu New York als Jazztrompetist gelieft, huet du säi Militärdéngscht an Argentinie gemaach (säi Papp war Argentinier) a goung dann op Paräis. Do huet en als Comic-Zeechner, Auteur vu Fotoromaner a Chauffer (ë. a. vum Charlie Parker senger Wittfra) geschafft.

1965 huet en d'Compagnie Jérôme Savary gegrënnt, aus där sech Le Grand Magic Circus a méi spéit Le Grand Magic Circus et ses animaux Tristes entwéckelt huet. Mat där Trupp, déi hiren eegene Stil hat - eng Mëschung aus Zirkus, Varieté, Burlesk-Theater an Oper - gouf en inernational bekannt.

Vun 1982 bis 1986 war de Savary Direkter vum Centre Dramatique National du Languedoc-Roussillon, duerno bis 1988 vum Carrefour Européen du Théâtre du 8e zu Lyon; vun 1988 bis 2000 vum Théâtre national de Chaillot an da bis 2007 Intendant vun der Paräisser Opéra-Comique.

Als Regisseur huet hien eng wäit Pallett vu Stécker inszenéiert, vu Schauspill, Oper, Operett bis Musical; vum Molière sengem Bourgeois gentilhomme iwwer dem Verdi säi Rigoletto, dem Offenbach seng La Périchole an dem Lehár seng Lustiger Witwe bis zum Monnot sengem Musical Irma la Douce. Am Ganzen huet hien iwwer 300 Stécker op d'Bün bruecht.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jérôme Savary: Album du Grand Magic Circus. Pierre Belfond, París 1974.
  • Jérôme Savary: Ein ganz gewöhnlicher Magier. Ins Deutsche übertragen von Widulind Clerc-Erle. Herbig, München/Berlin 1986, ISBN 3-7766-1423-4.
  • Jerôme Savary: Dictionnaire amoureux du Spectacle. Éditions Plon, Paris 2004, ISBN 2-259-19898-8.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jérôme Savary – Biller, Videoen oder Audiodateien