Op den Inhalt sprangen

Jacques Marbeuf

Vu Wikipedia
Jacques Marbeuf
Gebuertsnumm Jacques Charles Louis Gauthier
Gebuer 29. Januar 1926
2. Arrondissement
Gestuerwen 14. Juli 1993
Champigny-sur-Marne
Alter 67 Joer
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Filmschauspiller, Singer-Songwriter, Pornofilm-Schauspiller

De Jacques Marbeuf, gebuer den 29. Januar 1926 als Jacques Gauthier, a gestuerwen de 14. Juli 1993, war e franséische Filmschauspiller[1], deen niewent de "gängege" Filmer och nach a Pornofilmer geschafft huet[2].

De Marbeuf huet seng Carrière 1946 ugefaangen. Seng éischt Rolle waren offensichtlech a "Mainstream"-Filmer, a ware gewéinlech kleng[1]. Besonnesch bekannt war hie mat der Nieweroll am Film L'amour n'est pas un pêché (1952)[3], an hie war souguer de Liddermécher vum Lidd Noémie aus dem Soundtrack fir dëse Film[4].

Zanter den 1970er Jore gouf de Jacques Marbeuf als Schauspiller vun der ugefaangener legaler Pornoindustrie a Frankräich bekannt[5][6]. Hie war a méi wéi 40 Pornoen opgetrueden. Seng Aliassen als Pornoacteur waren ënner anerem Jacques Legrand, Victor Vallet, Jaques Mabeuf[2]. Seng spéider Rollen an "traditionelle" Spillfilmer ware rar[1].

Hie war och de Grënner vun engem feelgeschloene B-Movie-Studio[7].

Filmographie (Auswiel, ouni X-Filmer)

[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 Fiche op IMDb (en)
  2. 1 2 Fiche op IAFD (en)
  3. ↑ http://gaumont.ru/defunes/films/50/l_amour_n_est_pas_un_peche.htm
  4. ↑ Bertrand Dicale. Louis de Funès, grimaces et gloire - S. 177 - Éditions Grasset, 2009 - ISBN 9782246636618
  5. ↑ Jean Rollin, Marguerite Duras. Moteur coupez!: mémoires d'un cinéaste singulier - S. 191 - Édite, 2008 - ISBN 9782846082532
  6. ↑ Nicole Brenez, Isabelle Marinone. Cinémas libertaires: Au service des forces de transgression et de révolte - S. 223 - Presses Univ. Septentrion, 2015 - ISBN 978-2-7574-1173-5
  7. ↑ Jean Rollin, Marguerite Duras. Moteur coupez!: mémoires d'un cinéaste singulier - S. 213 - Édite, 2008 - ISBN 9782846082532