Jacques Martin

Vu Wikipedia
Jacques Martin
Gebuertsnumm Jacques Claude Martin
Gebuer 22. Juni 1933
4. Arrondissement vu Lyon
Gestuerwen 14. September 2007
Biarritz
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Schauspiller, Radiosspeaker, Televisiounsmoderateur, Filmregisseur
Famill
Bestuet mat Cécilia Attias
Liewenspartner(in) Danièle Évenou, Marion Game
Kanner David Martin

De Jacques Martin, gebuer den 22. Juni 1933 zu Lyon a gestuerwen de 14. September 2007 zu Biarritz, war e franséische Fantaisist, Schauspiller, Journalist a Radios- an Televisiounsanimateur. Hien däerf net mat sengem Homonym, dem Zeechner Jacques Martin, verwiesselt ginn.

Hien huet 1949 als Theaterschauspiller ugefaangen. Bekannt gouf e virun allem fir seng Televisiounsemissiounen, déi en tëscht den 1970er an 1990er Joren op der franséischer Tëlee moderéiert huet, dorënner Le Petit Rapporteur, L'École des fans an Dimanche Martin.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jacques Martin – Biller, Videoen oder Audiodateien