Jacques Zeimet
| Jacques Zeimet | |
|---|---|
| Gebuer |
4. Abrëll 1956 Lëtzebuerg |
| Gestuerwen |
26. Januar 2026 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Auteur vu Gesellschaftsspiller |
|
| |
De Jacques Zeimet, gebuer de 4. Abrëll 1956 an der Stad Lëtzebuerg[1], an och do gestuerwen de 26. Januar 2026[2][3], war e lëtzebuergeschen Handballspiller[4] an Auteur vu Gesellschaftsspiller.
Hie war vun 2003 bis zu senger Pensioun 2016 Sportprofesser am Stater Kolléisch.
Sportlech Karriär
[änneren | Quelltext änneren]1978 war den Zeimet fir d'éischt am Kader vun der lëtzebuergescher Härenhandballnationalekipp. Hien huet 39-mol an der Nationalekipp gespillt, an dobäi 26 Goler geschoss.[4]
Hie war um Standard a bei der Eschois Fola als Spiller aktiv. No senger aktiver Zäit als Spiller war hien och nach eng Zäit Nationaltrainer vun de Cadets.[2]
De Spillerentwéckler
[änneren | Quelltext änneren]De Jacques Zeimet huet an der Mëtt vun den 1990er Joren ugefaange Spiller z'entwéckelen. Ufanks huet hie sech op Geschécklechkeetsspiller wéi Bamboleo an Hamsterrolle konzentréiert, bei deenen et allkéiers drëm goung fir Holzstécker op eng beweeglech Plattform oder e Rullo ze placéieren an ze probéieren, s'am Gläichgewiicht ze halen. Méi spéit huet hie séier Kaartespiller entwéckelt, virun allem Kakerlakenpoker, dat 2004 vun Drei Magier Spiele editéiert gouf an am selwechte Joer fir d'Spill vum Joer nominéiert gouf. Aner Spiller, déi ënnert dem Label Drei Magier vu Schmidt Spiele erauskoumen, absënns Kakerlakensalat, Kakerlakensuppe, Tarantel Tango, Kakerlakentanz an, d'Bluff-Brietspill Kakerlakenduell (2017), goufen an engem änleche Format publizéiert. D'Spiller Geistesblitz (2011), Die fiesen 7 (2015) an Dodelido (2017) goufen och vum Veräi Spiel des Jahres recommandéiert.
Ludographie
[änneren | Quelltext änneren]Spiller vum Auteur eleng
[änneren | Quelltext änneren]- Bamboleo, 1996, Zoch
- Make Five, 1997, Zoch
- Murmeltanz, 1998, Dusyma
- Ziff Zoff, 1998, Drei Magier Spiele
- Kroko-Ei, 1999, Drei Magier Spiele
- Rollifax, 1999, Bibabutze
- Hamsterrolle, 2000, Zoch
- Seebär Ahoi, 2001, Haba
- Krawall im Stall, 2001, Selecta
- First Hand, 2002, R&R Games
- Hands Up, 2002, Schmidt Spiele
- Méli-Mélo oder Schicki Micki, 2003, Zoch
- Bello Colori (Der Bunte Hund), 2004, Amigo
- Kakerlaken-Poker oder Bug Bluff, 2004, Drei Magier Spiele
- Mauvaise Prise oder Knapp daneben, 2004, Haba
- Mixx, 2004, Drei Magier Spiele
- San Ta Si, 2005, Zoch
- Match of the Penguins, 2006, Gamewright
- Die Sprache des Manitu, 2007, Drei Magier Spiele
- Rondosum, 2007, Jakobs
- Mäusekarussell,2007, Drei Magier Spiele
- Mandalay, 2007, Giseh Verlag
- Graffiti, 2007, Huch & Friends
- Kakerlakensalat, 2007, Drei Magier Spiele
- Fladderadatsch, 2008, Zoch
- Kakerlakensuppe, 2008, Drei Magier Spiele
- Tarantel Tango, 2009, Drei Magier Spiele
- Shlof, 2010, Smartzone
- Geistertreppe, das Kartenspiel, 2010, Drei Magier Spiele
- Findevier, 2010, Steffen Spiele
- Geistesblitz, 2010, Zoch
- Samba-Tauziehen, 2011, Jakobs
- Geistesblitz 2.0, 2012, Zoch
- Hands on, 2012, Smartzone
- Kakerlakenpoker Royal, 2012, Drei Magier Spiele
- Beeren klau'n, 2012, Noris
- Sonne & Mond, 2012, Drei Hasen in der Abendsonne
- Pelican Bay, 2013, Drei Hasen in der Abendsonne
- Geistesblitz 5 vor 12, 2013, Zoch
- Kakerlaken Tanz, 2014, Drei Magier Spiele
- Yala, 2014, Steffen Spiele
- Bad Bunnies, 2015, Schmidt Spiele
- Die fiesen 7, 2015, Drei Hasen in der Abendsonne
- Geisteblitz Spooky Doo, 2016, Zoch
- Dodelido, 2016, Drei Magier Spiele
- Kakerlaken Duell, 2017, Drei Magier Spiele
- Geistesblitz Junior, 2018, Zoch
- Ratto Zakko, 2019, Drei Magier Spiele
- Teufelskreis, 2019, Steffen Spiele
- Dodelido Extreme, 2020, Drei Magier Spiele
- Hula-Hoo, 2021, Drei Hasen in der Abendsonne
- Candies Challenge, 2020, Smartzone
- Geistes-Würfel-Blitz, 2021, Zoch
- Heuschrecken Poker, 2021, Drei Magier Spiele
- 7 UP and DOWN, 2023, Smartzone
- Quabbl, 2024, Drei Magier Spiele
- Henrys Hennen, 2024, Drei Magier Spiele
Zesumme mam Claude Weber
[änneren | Quelltext änneren]- Koole Klötze, 2023, Schmidt Spiele
Zesumme mam René Brons
[änneren | Quelltext änneren]- Jumping Cups, 2020, Huch
Zesumme mam Rolf Vogt
[änneren | Quelltext änneren]- Kakerlakensalat App, 2017, Peppershaver
Zesumme mam Franck Stark a Raphael Gottlieb
- Lamm bada, 2004, Heidelberger
Zesumme mam Théo Wagner
[änneren | Quelltext änneren]- Elefantastico, 2004, Zoch
Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]Dräi vum Jacques Zeimet senge Spiller sinn ausgezeechent ginn:
- Kakerlakenpoker:
- Spiel des Jahres: Empfehlungsliste (List of Recommendations) (2004)
- à la carte: card game award of the Fairplay magazine, Rank: 3 (2004)
- San Ta Si: Spiel der Spiele: Games for two Players (2005)
- Kakerlakensalat: Spiel des Jahres, Empfehlungsliste (List of Recommendations) (2008)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ (fr) Naissances.. In: Luxemburger Wort, 109. Jg., n° 97, Digitised by the National Library of Luxembourg S. 6 (06.04.1956). Gekuckt de 05.03.2026.
- 1 2 "D'Lëtzebuerger Handball Federatioun huet déi traureg Pflicht, den Doud vum Jacques Zeimet matzedeelen." Communiqué op flh.lu, 03.03.2026.
- ↑ Doudesannonce am Tageblatt
- 1 2 Archive copy Archivéiert den 29.06.2017. Gekuckt den 29.06.2017.
