James Hilliard Polk
James Hilliard Polk | |
---|---|
Gebuer | 13. Dezember 1911 |
Gestuerwen | 18. Februar 1992 |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | United States Military Academy |
Aktivitéit | Militär |
Den James Hilliard Polk, gebuer den 13. Dezember 1911 an der Provënz Batangas, op de Philippinnen, a gestuerwen den 18. Februar 1992 zu El Paso, am Texas) war en US-amerikaneschen Offizéier a Generol vun der US Army. Als lescht war hie vun 1967 bis 1971 Commandant-en-chef vun der 7. US-Arméi (United States Army Europe, USAREUR) zu Heidelberg a Generol vum Central Army Group vun der NATO.
Liewen a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Hie war de Jong vum Colonel Harding Polk an huet vun 1929 bis 1933 d'US-Militärakademie zu West Point absolvéiert. Nom Ausbroch vum Zweete Weltkrich gouf hien takteschen Offizéier zu West Point. No enger Formatioun koum hie bei d'106. Kavallerie-Regiment (Panzer). Nom Debarquement an der Normadie huet hie vun 1944 un an Europ gekämpft. Am September vun deem Joer hat hien de Kommando iwwer d'3rd Cavalry Group, bekannt als "Task Force Polk", eng Unitéit am Generol George S. Patton, Jr. senger Third United States Army, déi ronderëm Metz gekämpft huet an ë. a. och den 11. September Beetebuerg befreit huet.
Nom Krich war hie kuerz bei de Besatzungstruppen an Däitschland, an huet dunn e puer Formatioune gemaach. Vun 1948 bis 1951 war hien zu Tokio stationéiert, als Member vum amerikaneschen Uewerkommando fir de Fären Osten. Am Ufank vum Koreakrich war hie Leeder vun der G-2-Unitéit vum X. Arméikorps an du vun der 8. US-Arméi. Am August 1951 goung hien hannescht an d'USA, huet do den National War College absolvéiert an dono um United States Army War College Coursë ginn. E bësse méi spéit gouf hie Chef d'Etat-major vun der 3. Panzerdivisioun zu Fort Knox, a gouf da mat där nees an Däitschland verluecht. 1956 krut de Polk eng Promotioun zum Brigadegenerol als Divisiounskommandant-adjoint. Weider Statioune waren am deemolege Quartier-général vun der NATO zu Fontainebleau an am Pentagon. No senger Befërderung zum Generolmajouer gouf hie Kommandant vun der 4. Panzerdivision.Vu Januar 1963 bis Enn August 1964 war hie Kommandant vum Amerikanesche Secteur vu Berlin, deemno zu der Zäit, wéi de President John F. Kennedy am Juni 1963 Berlin besicht huet.
Nodeems de Polk Generolleitnant gouf, krut hie vun 1964 bis 1966 de Kommando iwwer de V. Corps, deen zu Frankfurt stationéiert war. Den 1. Juni 1967 gouf hien, als 4-Stäre-Generol, Commandant-en-Chef vun der US-Arméi an Europa (USAREUR) zu Heidelberg. Gläichzäiteg krut hien och nach de Kommando iwwer de Central Army Group. Am Abrëll 1971 gouf hie pensionéiert.
Hie gouf den 10. September 1978 zum Éierebierger vu Beetebuerg ernannt (wat awer eréischt den 12. Juni 2024 duerch de Gemengerot formaliséiert gouf)[1]. Och eng Strooss am Zentrum vu Beetebuerg gouf no him genannt.[2]
Hien ass den 18. Februar 1992 gestuerwen a gouf um Arlington National Cemetery bäigesat.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Army Distinguished Service Medal
- Silver Star
- Legion of Merit
- Bronze Star
- Air Medal
- American Campaign Medal
- European-African-Middle Eastern Campaign Medal
- World War II Victory Medal
- Croix de guerre
- Légion d'honneur
- Republic of Korea Presidential Unit Citation
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: James H. Polk – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Fiche op arlingtoncemetary.net
- Doudesannonce an der New York Times
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Séance du conseil communal du 12 juillet 2024. bettembourg.lu (nogekuckt: 21.09.2024).
- ↑ Parcours de la mémoire Bettembourg, [Brochure S.6.