James Patterson

Vu Wikipedia
James Patterson
Gebuertsnumm James Brendan Patterson
Gebuer 22. Mäerz 1947
Nationalitéit USA
Educatioun Vanderbilt Universitéit
Aktivitéit Filmproduzent, Philanthrop, Dréibuchauteur, Televisiounsproduzent, Romancier, Schauspiller, Schrëftsteller, Filmdréibuchauteur

Den James Patterson, gebuer den 22. Mäerz 1947 zu Newburgh am Bundesstaat New York, ass een US-amerikaneschen Auteur.

Hien ass virun allem duerch seng Kriminalromaner bekannt an deenen den Inspekter Alex Cross d'Haaptfigur ass.

Dem James Patterson seng Bicher hu sech méi wéi 300 Millioune mol verkaaft.[1][2] 2010 war hien och den éischte Schrëftsteller, dee méi wéi eng Milliounen e-Bicher verkaaft huet.[3] Hie gëllt als ee vun de räichsten Auteuren op der Welt.[4][2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: James Patterson – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. USA Today: Author James Patterson giving $1M to independent bookstores (19. Februar 2014)
  2. 2,0 2,1 notjustrich.com: James Patterson – The Richest Author in the World (gekuckt den 13. September 2017)
  3. guinnessworldrecords.com: First author to sell more than one million e-books (gekuckt den 13. September 2017)
  4. The Guardian: Girl on the Train carries Paula Hawkins into list of world's richest authors (3. August 2016)