Jana Novotná

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Soccer stub.svg Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jana Novotná
Jana Novotna.JPG
Gebuer 2. Oktober 1968
Brünn
Gestuerwen 19. November 2017
Tschechesch Republik
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Tschechesch Republik, Tschechoslowakei
Aktivitéit Tennisspiller
Gréisst 175 Zentimeter
Gewiicht 63 Kilogramm
Spillhand Rietshänner
Wikidata-logo-without-paddings.svg

D'Jana Novotná, gebuer den 2. Oktober 1968 zu Brno, an der Tschechoslowakei a gestuerwen den 19. November 2017[1] an Tschechien war eng tschechesch Tennisspillerin

An hirer 14 Joer laanger Carrière huet se 100 WTA-Titele gewonnen, 76 dovunner am Dubbel, wou s'an der Weltranglëscht och op Plaz 1 stoung. Si konnt 12 Grand-Slam-Titelen am Dubbel gewannen an huet laang Zäit zesumme mat der Martina Hingis gespillt. An der Tennis-Weltranglëscht am Eenzel war hire beschte Ranking d'Plaz 2.

Si huet ausserdeem dräi Medailen op den Olympesche Spiller gewonnen a stoung zweemol an der Wimbledon-Finale, ier se deen Tournoi 1998 géint d'Nathalie Tauziat gewonnen huet.

1991 an 1992 huet d'Jana Novotná den Tennistournoi op der Kockelscheier gewonnen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jana Novotná – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Die Tenniswelt trauert um Jana Novotna op wort.lu den 20. November 2017