Jaroslav Seifert

Vu Wikipedia
Jaroslav Seifert
De Jaroslav Seifert (1981). (Foto: Hana Hamplová)
Gebuer 23. September 1901
Prag
Gestuerwen 10. Januar 1986
Prag
Nationalitéit Tschechoslowakei
Aktivitéit Iwwersetzer, Dichter, Journalist, Essayist, Schrëftsteller, Publizist
Partei ČSSD
Member vun Bayerische Akademie der Schönen Künste

De Jaroslav Seifert, gebuer den 23. September 1901 zu Prag an och do den 10. Januar 1986 gestuerwen, war en tschecheschen Dichter, Schrëftsteller, Journalist an Iwwersetzer.

Hie war zimech fréi schonn e bedeitende Representant vun der tschechescher Proletarescher Poesie, a gouf spéiderhin ee vun de wichtegsten Dichter vum Poetismus.

De Seifert war ee vun de Grënnungsmembere vum Kënschtlerensembel Devětsil ("Peschtkraut"), deen eng wichteg Roll an der tschechoslowakescher Avantgardebeweegung gespillt huet.

De Seifert krut 1984, als bis ewell deen eenzegen Tschech, de Literaturnobelpräis.

Wierker (z. D. mam Titel op däitsch)[änneren | Quelltext änneren]

  • Město v slzách / Stadt in Tränen (1921)
  • Samá láska / Lauter Liebe (1923)
  • Básně / Gedichte (1929)
  • Na vlnách TSF / Auf den Wellen von TSF (1925)
  • Slavík zpívá špatně (1926)
  • Poštovní holub (1929)
  • Hvězdy nad Rajskou zahradou (1929)
  • Jablko z klína (1933)
  • Ruce Venušiny (1936)
  • Jaro, sbohem (1937)
  • Zhasněte světla (1938)
  • Vějíř Boženy Němcové (1940)
  • Světlem oděná (1940)
  • Jabloň se strunami pavučin (1943) – mat Illustratioune vum Karel Svolinský
  • Kamenný most (1944)
  • Přilba hlíny (1945)
  • Ruka a plamen (1948)
  • Šel malíř chudě do světa (1949).
  • Píseň o Viktorce (1950).
  • Maminka (1954)
  • Chlapec a hvězdy (1956)
  • Praha a Věnec sonetů (1956)
  • Zrnka révy (1965)
  • Koncert na ostrově (1965)
  • Odlévání zvonů (1967)
  • Halleyova kometa / Der Halleysche Komet (1967)
  • Kniha o Praze (1968)
  • Morový sloup / Die Pestsäule (1968 – 1970) – koum am Samisdat an am Exil eraus, eréischt 1981 offiziell.
  • Deštník z Piccadilly / Der Regenschirm Vom Piccadilly (1979)
  • Všecky krásy světa / Alle Schönheit dieser Welt (1979) – Memoiren
  • Býti básníkem (1983)

Gesamtwierk[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 2001 kënnt no an no eng kritesch Editioun vu sengem Gesamtwierk op Tschechesch eraus, editéiert vum Literaturkritiker Jiří Brabec.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jaroslav Seifert – Biller, Videoen oder Audiodateien