Jean-Baptiste Didier (1834)
Ausgesinn
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Jean-Baptiste Didier (*1834). Fir aner leit mat deem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean-Baptiste Didier. |
Jean-Baptiste Didier | |
---|---|
Gebuer |
9. Februar 1834 Dippech |
Gestuerwen |
6. November 1916 Roudemer |
Aktivitéit | Politiker |
Famill | |
Kanner | Jean-Baptiste Didier |
De Jean-Baptiste Didier, gebuer den 9. Februar 1834 zu Dippech, a gestuerwen de 6. November 1916 zu Roudemer, war e lëtzebuergesche Politiker.[1]
1871 gouf de Jean-Baptiste Didier an de Gemengerot vun der Gemeng Roudemer gewielt. De 4. Mee 1877 krut de Jean-Batiste Didier seng Nominatioun als Buergermeeschter vu Roudemer.[2] Hien ass bis 1904 Buergermeeschter bliwwen.[1]
1893 gouf hien als Vertrieder vum Kanton Gréiwemaacher an d'Chamber gewielt an hien huet dat Mandat bis 1911 behal.[1]
Säi Jong Jean-Baptiste war och Deputéierten an der Chamber.
Gielchen
[änneren | Quelltext änneren]- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1902)[3]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 1,2 Kuerz Biographie an Doudesannonce vum Jean-Baptiste Didier am Luxemburger Wort vum 7. November 1916
- ↑ Memorial N°25 vun 1877 mat der Publikatioun vun der Nominatioun de Buergermeeschtere vu Käerch a Roudemer]
- ↑ Memorial N°51 vun 1902 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen