Op den Inhalt sprangen

Jean-Marie Le Pen

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean-Marie Le Pen
Gebuer 20. Juni 1928
La Trinité-sur-Mer
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Faculté de droit de Paris,
Universitéit Panthéon-Assas
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei Front national
Famill
Bestuet mat Pierrette Lalanne
Kanner Marine Le Pen, Yann Le Pen
De Jean-Marie Le Pen am Mee 2007

De Jean-Marie Le Pen, gebuer den 20. Juni 1928, zu La Trinité-sur-Mer am Departement Morbihan, ass e franséische rietsextreme Politiker.

Hie war 1972 ee vun de Grënner vum Front national a bis 2011 39 Joer laang hire President. 2011 huet seng jéngst Duechter Marine Le Pen d'Parteipresidentschaft iwwerholl.

De Jean-Marie Le Pen war fënnefmol Kandidat bei de franséische Presidentschaftswalen. 2002 huet hien et an den zweeten Tour gepackt mä géint de Jaques Chirac verluer.

Am Mee 2015 gouf de Jean-Marie Le Pen aus senger eegener Partei ausgeschloss, well hien nees eng Kéier d'Gaskummere vun den Nazien als "Detail an der Geschicht vum Zweete Weltkrich" bezeechent huet.[1]

Commons: Jean-Marie Le Pen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. RTS: Jean-Marie Le Pen "suspendu" du Front national (5. Mee 2015)