Jean-Pierre Sinner

Vu Wikipedia
Jean-Pierre Sinner
Gebuer 9. Abrëll 1942
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Jurist

De Jean-Pierre Sinner, gebuer den 9. Abrëll 1942, ass e lëtzebuergesche Jurist a fréieren Distriktskommissär vu Gréiwemaacher.

Hie gouf de 26. Oktober 1988 als Member vum Staatsrot nominéiert. Den 29.Abrëll 2005 gouf hie Vizepresident vum Staatsrot an ass an där Funktioun bliwwe bis säi Mandat de 26. Oktober 2006 ofgelaf ass.[1]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  2. Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' wärend op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg wëll de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.