Jean Dieudonné

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jean Dieudonné, gebuer 1720 bei Diddenuewen, war e franséische Fabrikant vu Spillkaarten.

Hien huet zu Metz säi Beruff geléiert a 1754 zu Gréiwemaacher eng Spillkaartefabrik gegrënnt. Spéider koume Filialen zu Orléans an zu Angers no (déi bis 1952 funktionéiert huet). Déi zu Gréiwemaacher huet 1880 hir Dieren zougemaach.

Den Dieudonné war bestuet, a 5 Generatiounen no him waren och Kaartemécher (bis 1952).

Am Maacher Kulturhuef ass vun dënschdes bis sonndes de Musée du jeu de cartes Jean-Dieudonné op.