Jean Nelissen Classic

Vu Wikipedia

D'Jean Nelissen Classic ass eng Randonnée fir Cyclotouristen a Cyclosportiffen déi zanter 2003 zu Veianen vum gréissten hollännesche Vëlosclub dem Driebergse Tourclub organiséiert gëtt, an ëm déi 1.500 Vëlosfuerer um Depart huet.

2010 gëtt se den 12. Juni gefuer, an den Organisateur bitt 5 verschidden Distanzen un.

Op der grousser Distanz vun 220 km geet se vum Schwieregkeetsgrad hier anere Randonnéeën, wéi der Fondo Eddy Merckx oder der Cyclosportive Claude Cricquelion net wäit aus de Féiss, a gëtt vu villen als Virbereedung op den Ötzthaler Radmarathon, oder aner Vëlostier an den Dolomitten oder de franséischen Alpe benotzt. Op der Streck sinn e puer zolidd Stéiss ze fueren, wouvun der e puer bis zu 14 % hunn, mat deem géisten zu Veianen mat engem Maximum vun 23 %.

  • Distanz
  • 220 km
  • 165 km
  • 135 km
  • 085 km
  • 050 km
  • Héichtenënnerscheed
  • 4.500 m
  • 3.350 m
  • 2.620 m
  • 2.000 m
  •  0300 m