Jean Reiffers
Ausgesinn
| Jean Reiffers | |
|---|---|
| Gebuer |
20. Mäerz 1920 Useldeng |
| Gestuerwen | 25. August 1993 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Famill | |
| Papp | Edmond Reiffers |
|
| |

De Jean Reiffers, gebuer den 20. Mäerz 1920 zu Useldeng, a gestuerwen de 25. August 1993, war e lëtzebuergesche Member vum Commando Kieffer a war bei der Operatioun Overlord de 6. Juni 1944 op Sword Beach op der Héicht vu Colleville-Montgomery als Zaldot 1. Klass (Matricule 10001 FN 43) dobäi[1]. Hie gouf den éischten Dag blesséiert an evakuéiert.
Zanter 2002 erënnert zu Useldeng eng Gedenkplack un hien.
Säi Papp war den Nottär Edmond Reiffers.
