Op den Inhalt sprangen

Jedwabne

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jedwabne
Land Polen
Awunner 1.701
  31. Mäerz 2021
Fläch 11,47 km²
Héicht 219 m
Koordinaten 53°17'N, 22°18'O
Postcode 18-420
Websäit http://www.jedwabne.pl/

Jedwabne ass eng Klengstad mat 1.701 Awunner (Stand 31. Mäerz 2021)[1][2] am Nordoste vu Polen. Se läit an der Woiwodschaft Podlaskie, 20 km nordëstlech vun der Kreesstad Łomża ewech.

Jedwabne ass 1455 fir d'éischt ernimmt ginn an huet 1736 d'Magdeburger Stadrecht kritt. 1795 ass d'Stad u Preisen gaangen, vun 1807 un huet se zum Groussherzogtum Warschau gehéiert a vun 1815 un zum Kinnekräich Polen. 1866 verléiert Jedwabne d'Stadrecht, kritt et awer 1927 erëm. Am Éischte Weltkrich ass d'Stad 1915 zu 70 Prozent zerstéiert ginn.

Schonn am September 1939, zum Ufank vum Zweete Weltkriich, ass Jedwabne, wéi am geheimen Hitler-Stalin-Pakt virgesinn, vu sowjeteschen Truppe besat ginn. Am Juni 1941, beim Virstouss vun der Wehrmacht wärend der Operatioun Barbarossa, ass d'Stad vun Nazidäitschland besat ginn. Den 10. Juli 1941 hunn net-jiddesch Awunner wärend dem Pogrom vu Jedwabne 200 bis 300 jiddesch Matbierger massakréiert.

 Commons: Jedwabne – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. https://bdl.stat.gov.pl/api/v1/data/localities/by-unit/062013807014-0957382?var-id=1639616&format=jsonapi; consultéiert den: 5. Oktober 2022.