Op den Inhalt sprangen

Joan Enric Vives i Sicília

Vu Wikipedia
Joan Enric Vives i Sicília
Gebuer 24. Juli 1949
Barcelona
Nationalitéit Spuenien
Educatioun Universitéit vu Barcelona
Aktivitéit Professer, Priister, kathoulesche Bëschof

Den Joan-Enric Vives i Sicília gebuer zu Barcelona de 24. Juli 1949 ass Bëschof vun Urgell an domat Koprënz vun Andorra.

Hie gouf de 24. September 1974 zum Geeschtleche geweit, a gouf den 9. Juni 1993 Auxiliairebëschof vu Barcelona, mat dem Titel Bëschof vun Nona. De 25. Juni 2001 gouf hie Coadjuteur vum deemolege Bëschof vun Urgell, dem Joan Martí Alanis, deen den12. Mee 2003 a Pensioun goung. Duerno gouf de Joan Enric Vives i Sicília do Bëschof.