Johann Benedict Listing

Vu Wikipedia
Johann Benedict Listing
Gebuer 25. Juli 1808
Frankfurt am Main
Gestuerwen 24. Dezember 1882
Göttingen
Nationalitéit Kinnekräich Preisen
Educatioun Universitéit Göttingen
Aktivitéit Mathematiker, Topolog, Physiker, Universitéitsprofesser

De Johann Benedict Listing gebuer de 25. Juli 1808 zu Frankfurt am Main, a gestuerwen de 24. Dezember 1882 zu Göttingen, war en däitsche Mathematiker.

De Listing huet Mathematik an Architektur op der Universitéit vu Göttingen studéiert.

Duerch säi Professer de Carl Friedrich Gauß huet hien ugefaange sech op d'Topologie ze spezialiséieren. Hien huet 1847 e Léierbuch fir Topologie ausgeschafft, d'Vorstudien zur Topologie. Hien huet och de Begrëff Topologie an d'Welt gesat.

Onofhängeg vum Möbius a bal gläichzäiteg huet de Listing 1858 déi besonnesch Eegenschafte vum Möbiusband entdeckt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]