John Radcliffe

Vu Wikipedia
Den John Radcliffe.

Den John Radcliffe, gebuer 1652 zu Wakefield (Yorkshire), a gestuerwen am Joer 1714 war en engleschen Dokter a grousse Philanthrop.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Den John Radcliffe huet säi Studium an der Queen Elizabeth Grammar School ugefaangen. Seng Diplomer krut hie vun der Universitéit vun Oxford, wou hie mat brillante Resultater ofgeschloss hat. Hie gouf duerno Fellow am Lincoln College. 1682 ass hien dann Dokter an der Medezin ginn, an ass duerno op London geplënnert.

An der Haaptstad huet hie sech séier en Numm gemaach a gouf perséinlechen Dokter vum Kinnek William III. an der Kinnigin Marie. 1713 gouf hien an d'Parlament gewielt a Member vum Buckingham.

No sengem Doud gouf säi Verméigen, no sengem Wonsch, fir gutt Zwecker opgedeelt un de « St Bartholomew's Hospital » an un de « University College », seng fréier Schoul. No him benannt sinn de « Radcliffe Quad » an de Radcliffe Observatoire. Säin Numm krut och d'Radcliffe Camera, d'Radcliffe Infirmary an de John Radcliffe Hospital.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Campbell R. Hone, The Life of Dr. John Radcliffe 1652-1714, Faber and Faber, 1950.