Jonah Lomu

Vu Wikipedia
Jonah Lomu
Gebuertsnumm Jonah Tali Lomu
Gebuer 12. Mee 1975
Gestuerwen 18. November 2015
Doudesursaach Niereversoen
Nationalitéit Neiséiland

Den Jonah Tali Lomu, gebuer den 12. Mee 1975 zu Auckland, an och do den 18. November 2015 gestuerwen, war en neiséilännesche Rugby-Spiller.

Hie war ee vun de bekanntste Spiller vun den All Blacks, der neiséilännescher Nationalekipp (a bis ewell dee Jéngsten, deen do matgespillt huet), deen net nëmmen duerch seng imposant Statur opgefall ass, mä och duerch seng Sprinterqualitéiten a säi sportlecht Talent. Wärend der Weltmeeschterschaft 1995 a Südafrika, huet hie 7 Essaien a 5 Matcher markéiert, dovun eleng 4 an der Halleffinall géint England.

Hien huet an am Ganze 7 Ekippe gespillt, dorënner fir d'Auckland Blues, d'Chiefs, d'Wellington Lions an d'Hurricanes.

2003 krut hien eng Nier transplantéiert. Hien ass mat just 40 Joer un engem Häerzschlag, bei sech doheem, gestuerwen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jonah Lomu – Biller, Videoen oder Audiodateien