Jong-Hémecht

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Jonghémecht)
Jong-Hémecht
Typ Zäitschrëft
Periodizitéit 6 Joer
Sprooch Däitsch
Éischt Ausgab 1. September 1926
Grënner Victor Neuens
Lescht Ausgab 1. Mäerz 1940
Land Lëtzebuerg
Sujeten Literatur,
Theater,
Ethnologie
Editeur Victor Neuens, François Gilson


Jong-Hémecht war eng Zäitschrëft, déi zu Lëtzebuerg tëscht September 1926 a Mäerz 1940 an der Moyenne all zwéi Méint erauskoum. Si gouf vum Victor Neuens (1898-1975) gegrënnt an erausginn, vun 1935 u war de Friny Gilson (1893-1942) Editeur.[1]

Jong-Hémecht, mam Ënnertitel Zeitschrift für heimatliches Theater, Schrift- und Volkstum (oder Variatiounen dovun) war deemools eng vun de wichtegste Kulturzäitschrëften zu Lëtzebuerg. An hir goung et haaptsächlech ëm Literatur, Theater an Ethnologie. 1933 an 1937 koumen zwou Sonnernummere vum Tony Kellen (1869-1948) senger luxemburgische Geschichtsschreibung an hir eraus. 1938 gouf et eng Extranummer iwwer d'Geschicht vum Theater in Luxemburg vum Joseph Hurt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Fiche vu Jong-Hémecht op eluxemburgensia.lu.