José Martí

Vu Wikipedia
José Martí
Pseudonym muschacho
Gebuer 28. Januar 1853
Havanna
Gestuerwen 19. Mee 1895
Doudesursaach am Asaz gefall
Nationalitéit Spuenien
Aktivitéit Linguist, Dichter, Schrëftsteller, Iwwersetzer, Militär, Politiker, Essayist, Journalist, Moler, Revolutionär

De José Julián Martí y Pérez, gebuer den 28. Januar 1853 zu Havanna op Kuba, a gestuerwen den 19. Mee 1895 zu Dos Ríos och op Kuba, gëllt als kubaneschen Nationaldichter a Symbol fir d'Onofhängegkeetsstriewe vu sengem Land. Zu där Zäit war Kuba eng spuenesch Kolonie.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De José Martí war dat eelst vun den aacht Kanner vum Mariano Marti an der Leonor Perez Cabrera. Wéi de jonke José 4 Joer hat, ass seng Famill op Valencia a Spuenie geplënnert. Mä schonn zwee Joer drop si s'erëm op hir Heemechtsinsel zeréckgaangen.

1869 huet hie seng éischt politesch Texter geschriwwen, e patriotescht Gedicht Abdala. Wéi déi spuenesch Autoritéiten d'Schoul zougemaach haten an domat dem Martí säi Studium ënnerbrach hunn, krut hie mat, wat et heescht vun anere Länner ënnerdréckt ze ginn.

Am Oktober 1869 gouf hie festgeholl, krut vun der spuenescher Regierung Landesverrot virgehäit a gouf am Alter vu 16 Joer zu 6 Joer Prisong verurteelt. No enger Zäit hat de Martí béis Problemer mat senge Been, d'Ketten, mat deenen hien ugestréckt war hate sech ageschnidden an de Prisonéier koum op eng Prisongsinsel, viru Kuba, d'Isla de Pinos. Kuerz drop gouf hien a Spuenien rapatriéiert, wou hien Droit studéiert huet. No enger kuerzer Iwwergaangszäit a Frankräich ass en 1877 heemlech op Kuba zeréckgaangen, wou hien awer als Illegale keng Aarbecht krut. Nodeem hien eppes iwwer e Joer am Guatemala als Geschichts- a Literaturprofesser geschafft hat, ass en 1880 op New York gaangen.

Vun do aus huet hien a Florida d'Exilkubaner fir eng Revolutioun géint d'Spuenier mobiliséiert an déi selwecht Zäit huet en eng Lobby opgebaut géint eng méiglech US-amerikanesch Annexioun vu Kuba, eng Iddi déi munneche Politiker net friem war.

1884 wollt hien op Kuba reesen, mä hie gouf a Florida ofgefaangen. De 25. Mäerz 1885 huet e säi Manifest vu Montecristierausginn an deem hien d'Onofhängegkeet vu Kuba proklaméiert. Den 11. Abrëll 1895 lant hien op Kuba mat enger arméierter Grupp vun Exilkubaner. E Mount méi spéit, den 19. Mee gouf en an der Provënz Oriente am Kampf géint spuenesch Truppen erschoss.

De Martí läit um Cementerio Santa Efigenia Kierfecht zu Santiago de Cuba begruewen.

Kuerz no sengem Doud ass de Spuenesch - Amerikanesche Krich ugaangen.

Dem Martí säi politescht Denken[änneren | Quelltext änneren]

Säi publizistescht Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Gonzalo de Questa y Miranda (Erausg.): Obras Completas La Habana, Editorial Trópico, 1936-1949, 70 Bänn (dës Editioun ass allerdéngs net komplett, et feelen nach vill Artikelen aus südamerikaneschen Zeitungen).
  • Philip S. Foner (Erausg.): Inside the Monster by José Martí. Writings on the United States and American Imperialism Monthly Review Press, New York a London, 1975

Iwwer de Martí[änneren | Quelltext änneren]

  • Ottmar Ette: José Martí. Teil I: Apostel, Dichter, Revolutionaär. Eine Geschichte seiner Rezeption., 1991, 457 Säiten, Max Niemeyer Verlag, ISBN 3-484-55010-4

Nach eppes[änneren | Quelltext änneren]

Eent vum José Martí senge Gedichter aus de Versos Sencillos ("einfach Versen") gouf méi spéit vertount a weltberüümt, Guantanamera.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: José Martí – Biller, Videoen oder Audiodateien