Joschkar-Ola

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Joschkar-Ola
Land Russland
Federatiounskrees Wolga
Status Republik
Regioun Mari El
Gegrënnt 1584
Awunner 266.675 (2017)
Fläch 100
Koordinaten 56°37'58"N, 47°53'45"O
Zäitzon UTC+3
Telefonszon 8362
Postcode 424000–424045
Websäit https://www.i-ola.ru/


Joschkar-Ola (Йошкар-Ола) ass d'Haaptstad vun der Republik Mari El a Russland. Si läit um Wolga-Niewefloss Malaja Kokschaga ("Kleng Kokschaga") an ass duerch d'Iwwerregionalstrooss "Wjatka" un d'Stied Tscheboksary (80 km am Süden) a Kirow (330 km am Norden) ugebonnen, souwéi iwwer d'Eisebunn an de klenge Fluchhafen un d'Haaptstad vum Land. Si huet iwwer 250.000 Awunner (Stand 2016) an ass relativ gutt opgestallt wat Universitéiten, Héichschoulen a Kultur ugeet, a konnt eng gewëssen Industrie behalen (ë. a. Gerätebau a Semiconducteuren).

1984 gouf dee véier Joer virdrun entdeckten Asteroid (2910) Yoshkar-Ola no der Stad benannt[1].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Uert gouf 1584 als Festung no der Eruewerung vum Mari-Gebitt duerch Russland gegrënnt, ënner der Bezeechnung "Stadt vum Zar un der Kokschaga" (Царёв город на Кокшаге), wat zum Numm "Zarjowokokschaisk" (Царёвококшайск) gefouert huet.

1919 gouf d'Stad a "Krasnokokschaisk" ("Rout Stad op der Kokschaga", Краснококшайск) ëmbenannt, zënter 1927 dréit se awer den eenheemeschen Numm "Joschkar-Ola" (op Mari "Rout Stad").

Nom Zesummebroch vun der Sowjetunioun hunn d'Staatsentreprisë keng Ënnerstëtzung méi kritt, a vill Industriebetriber hunn hir Diere missen zoumaachen. En ettlech qualifizéiert Leit sinn dowéinst an aner grouss russesch Stied ofgewandert. Méi spéit konnt sech nees e bescheidene wirtschaftlechen Opschwonk astellen.

Am Joer 2007 huet eng grouss Restrukturéierung an eng nei Bauaktivitéit zu Joschkar-Ola ugefaangen. Stroosse goufen ëmbenannt, e stenge Kremltuerm deen et viraals ni gouf ass nei gebaut ginn, eng Uferpromenad mat pseudo-historesche Bauten, déi u Bruges erënneren, gouf opgeriicht an eng Verkënnegungskathedral dohigeprafft, fir nëmmen déi ze nennen. Vu Kritiker als Disneyland an den Eck gestallt, sou hunn dës Neibauten nawell d'Stad verschéinert.

Fotosalbum vun der Stad[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Joschkar-Ola – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Minor Planet Circ. 9216