Joseph-Weber-Präis
Ausgesinn
De Joseph-Weber-Präis fir astronomesch Instrumentéierung gëtt vun der American Astronomical Society un eng Persoun verginn, déi duerch Entworf, Erfindung oder Verbesserung vun Instrumener zum Fortschrëtt vun der Astronomie bäigedroen huet. De Präis ass nom Physiker Joseph Weber genannt. D'Präisser gi gewéinlech éischter fir eng Karriär an der Instrumentenentwécklung wéi fir en eenzelt Instrument verginn.
Präisdréier
[änneren | Quelltext änneren]- 2002 James E. Gunn
- 2003 Frank J. Low
- 2004 Thomas G. Phillips
- 2005 Stephan Shectman
- 2006 J. Roger Angel
- 2007 Harvey Moseley
- 2008 James R. Houck
- 2009 Peter Serlemitsos
- 2010 Donald Hall
- 2011 Edward S. Cheng
- 2012 Thijs de Graauw
- 2013 Keith Matthews
- 2014 Sander Weinreb
- 2015 Claire E. Max