Josy Kirchens

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Joseph Kirchens)
Josy Kirchens
Gebuer 22. Februar 1943
Iechternach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer

De Josy Kirchens oder Joseph Kirchens, gebuer den 22. Februar 1943, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.[1]

Tëscht dem 29. September 1965 am 26. Abrëll 1972 huet de Josy Kirchens an 31 Matcher 3 Goler fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp geschoss.[2]

Vun 1961 bis 1976 huet hie fir d'Aris Bouneweg gespillt.

An der Saison 1976/77 war hien Trainer beim Avenir Beggen.[3]

Am Joer 1985 war de Josy Kirchens wärend 2 Méint Interimstrainer vun der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp.[4]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Josy Kirchens op der Websäit Weltfussball.de
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Josy Kirchens op der Websäit vun European Football
  3. [1] De Josy Kirchens beim Avenir Beggen
  4. Lëscht mat alle Matcher vun der lëtzebuergesche Foussballnationalekipp mat hiren Traineren op fussball-lux.lu