Joseph Leidy

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Joseph Leidy

De Joseph Leidy, gebuer den 9. September 1823 zu Philadelphia (Pennsylvanien, USA) an do gestuerwen den 30. Abrëll 1891, war en amerikaneschen Dokter (Medezin), Zoolog a Paleontolog. Hie war Professer fir Anatomie op der Universitéit vu Pennsylvanien (University of Pennsylvania), Philadelphia, an duerno Professer fir Naturgeschicht am Swarthmore College, PA.

De Leidy huet am Joer 1851 als éischten d'Pectinatella magnifica, eng nordamerikanesch Bryozoen-Aart, beschriwwen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Warren, Leonard, 1998. Joseph Leidy: The last man who knew everything. Yale University Press, 320 S.