Jour de fête
Ausgesinn
|
| |
|
| |
| Film | |
|---|---|
| Produktiounsland | Frankräich |
| Produktiounsjoer | 1949 |
| Première | 1950 |
| Dauer | 76 min |
| Faarf | Schwaarz-Wäiss |
| Format | 1,37:1 - |
| Filmformat | 35 mm |
| Originalsprooch | Franséisch |
| Ekipp | |
| Regie | Jacques Tati |
| Dréibuch |
Jacques Tati Henri Marquet René Wheeler |
| Fotografie |
Jacques Mercanton Jacques Sauvageot |
| Musek | Jean Yatove |
| Schnëtt |
Marcel Morreau Sophie Tatischeff |
| Dekoren | René Moulaert |
| Produzent |
Fred Orain André Paulvé Cady Films Panoramic Films |
| Schauspiller | |
|
Jacques Tati als François Guy Decomble als Roger Paul Frankeur als Marcel Santa Relli als Germaine Maine Vallée als Jeannette | |
|
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre | |
Jour de fête ass e franséische Film vum Jacques Tati aus dem Joer 1949.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]An engem klenge franséischen Duerf riichten d'Kirmesleit hir Buden an e Karussell op. D'Kanner kucken no. De Bréifdréier (Jacques Tati) fiert mat senge Vëlo duerch d'Duerf fir seng Tournée ze maachen…
Soss
[änneren | Quelltext änneren]De Film ass am Joer 1949 faarweg gedréint ginn awer well de Faarfsystem Thomsoncolor ganz nei war gouf, fir sécher ze goen, gläichzäiteg eng schwaarz-wäiss Versioun gedréint. Déi schwaarz-wäiss Versioun koum 1949 an d'Kinoen, well keng Méiglechkeet bestanen huet fir déi faarweg Versioun z'entwéckelen. Vum Film gëtt et dräi verschidde Versiounen:
- d'Versioun vun 1949 a schwaarz-wäiss
- d'Versioun vun 1964 a schwaarz-wäiss mat faarwegen Elementer déi mat der Hand op de schwaarz-wäisse Film gemoolt goufen
- d'faarweg Versioun vun 1995 an Thomsoncolor déi am Joer 1995 restauréiert gouf an déi dem Jacques Tati seng Duechter Sophie Tatishef montéiert huet.
