Jovenel Moïse
Ausgesinn
| Jovenel Moïse | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
26. Juni 1968 Trou-du-Nord |
| Gestuerwen | 7. Juli 2021 |
| Doudesursaach | Schosswonn |
| Nationalitéit | Haiti |
| Educatioun | Quisqueya-Universitéit |
| Aktivitéit | Politiker, Geschäftsmann |
| Partei | PHTK |
| Fonctioun | President vun Haiti |
| Famill | |
| Bestuet mat | Martine Moïse (11.3.1996–7.7.2021) |
|
| |
De Jovenel Moïse, gebuer de 26. Juni 1968 zu Trou-du-Nord am Departement Nord-Est, a gestuerwen de 7. Juli 2021 zu Port-au-Prince, war en haitianeschen Entreprener am landwirtschaftleche Beräich a vum 7. Februar 2017 bis de 7. Juli 2021, wéi en ermuert gouf, President vun Haiti.
Hie gouf 2004 Member vun der Chambre de Commerce et de l'Industrie du Nord-Ouest (CCINO) a geschwënn dono hire President; méi spéit gouf e Generalsekretär vun der Industrie- an Handelskummer vun Haiti (CHIC). Hien huet verschidde Firme matgegrënnt, dorënner d'Compagnie Haïtienne d'Energie S.A. (COMPHENER S.A.), 2008, an Agritrans SA, 2012.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Jovenel Moïse – Biller, Videoen oder Audiodateien |
