Juegdgeld
Ausgesinn
D'Juegdgeld ass eng Indemnitéit, déi de Piechter un d'Proprietäre vun den Terrainen am Lous bezilt, well si him d'Recht fir ze joen oftrieden.
De Piechter bezilt d'Proprietären net direkt, mä de Juegdsyndikat, deen d'Suen da proportionell zu der Gréisst vun den Terrainen un déi eenzel Proprietären, déi Member am Juegdsyndikat sinn, virugëtt.
De Proprietär muss sech selwer drëm këmmeren, datt de Juegdsyndikat seng Bankverbindung huet. Wann hien dat no dräi Joer net an d'Rei bruecht huet, da verfält säin Urecht an d'Sue vum dem eelste Juegdjoer ginn un déi aner Proprietäre verdeelt. D'Prozedur fir de Konto matzedeele kann um guichet.lu [1] gemaach ginn.
Entwécklung vum duerchschnëttleche Juegdgeld pro Hektar a Bezierk[2]
[änneren | Quelltext änneren]Pachtperiod | Zentrum-Osten | Zentrum-Westen | Osten | Norden | Süden | Global |
---|---|---|---|---|---|---|
2012-2021 | 17,6 € | 16,4 € | 18,3 € | 14,5 € | 11,9 € | 15,7 € |
2021-2030 | 14,9 € | 15,7 € | 26,0 € | 18,8 € | 12,9 € | 18,0 € |