Juho Martikainen

Vu Wikipedia
Juho Martikainen
Gebuer 1974

De Juho Martikainen, gebuer 1974, ass e finnesche Kontrabassist.

Schonn am Alter vun néng Joer huet de Juho Martikainen Kontrabass gespillt. Mat dem Studium huet hien am Kupio Conservatoire ugefaangen a krut an der Sibelius Akademie vum Jussi Javas Coursen. Als Freelance-Kënschtler huet hien um Ufank vu senger Karriär beim Philharmoneschen Orchester vun Helsinki, Lahti Symphoneschen Orchester am Orchester vun der Finnescher Nationaloper, am Mahler Kammerorchester an am Finnesche Radiosorchester matgespillt.

De Martikainen ass Grënnungsmember vum Uusinta Kammerorchester. Beim Kontrabassquartett Härkä (Den Ochs) ass hien och mat dobäi.

Am Hierscht 1988 ass de Martikainen beim Internationalen Kontrabass Concours zu Edinburgh bis an d'Finall komm.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]