Op den Inhalt sprangen

Juliana I. vun Holland

Vu Wikipedia
Juliana I. vun Holland
Titelen
Kinnigin vun Holland
Zäit 1948 bis 1980
Virgänger Wilhelmina I. vun Holland
Nofollger Beatrix I. vun Holland
Biographie
Gebuer 30. Abrëll 1909
Den Haag
Gestuerwen 20. Mäerz 2004
Baarn
Bestuet mat Bernhard zur Lippe-Biesterfeld
Papp Heinrich zu Mecklenburg
Mamm Wilhelmina vun Holland
Kanner Beatrix I. vun Holland, Margriet vun Oranien-Nassau, Irene vun Oranien-Nassau, Christina vun Oranien-Nassau
De Monogramm

D'Juliana Louise Emma Marie Wilhelmina, gebuer den 30. Abrëll 1909 zu Den Haag, a gestuerwen den 20. Mäerz 2004 zu Soestdijk), Prinzessin vun Oranien-Nassau an Herzogin zu Mecklenburg, war vum 6. September 1948 bis den 30. Abrëll 1980 Kinnigin vun Holland.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Juliana mat Mann, Duechter an Eedem (1965).

D'Juliana war dat eenzegt Kand vun der Kinnigin Wilhelmina an hirem Mann, dem Herzog Heinrich zu Mecklenburg. De 7. Januar 1937 huet si sech mam Bernhard zur Lippe-Biesterfeld bestuet; ee Joer drop, den 31. Januar 1938 koum hirt éischt Kand op d'Welt, déi spéider Kinnigin Beatrix. Si krut nach dräi weider Duechteren: d'Irene (1939), d'Margriet (1943) an d'Christina (1947).

Wärend dem Zweete Weltkrich war si mat der kinneklecher Famill am Exil. De 6. Septemebr 1948 huet hir Mamm Wilhelmina zu hire Gonschten ofgedankt. De 27. Dezember 1949 huet si den Trennungsvertrag vun Holland mat Indonesien, dat bis dohin d'Kolonie Hollännesch-Indien war, ënnerschriwwen.

Den 30. Abrël 1980, op hirem 71. Gebuertsdag, huet si zu Gonschte vun hirer Duechter Beatrix ofgedankt. Zanterhir hat si den Titel Prinzessin.

Si ass den 20. Mäerz 2004 am Alter vu 94 Joer am Schlass Soestdijk no laanger Krankheet gestuerwen a gouf an der Nieuwe Kerk zu Delft bäigesat.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Juliana I. vun Holland – Biller, Videoen oder Audiodateien