Op den Inhalt sprangen

Wilhelmina vun Holland

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Wilhelmina I. vun Holland)
Wilhelmina vun Holland
Titelen
Kinnigin vun Holland
Zäit 1890 bis 1948
Virgänger Wëllem II. vun Holland
Nofollger Juliana vun Holland
Biographie
Gebuer 31. August 1880
Paleis Noordeinde
Gestuerwen 28. November 1962
Apeldoorn
Bestuet mat Heinrich zu Mecklenburg
Papp Wëllem III. vun Holland
Mamm Emma vu Waldeck-Pyrmont
Kanner Juliana vun Holland
Gielercher Nassaueschen Hausuerde vum Gëllene Léiw, Huesebändeluerden, Kinnekleche Seraphinenuerden, Elefanten-Uerden, St-Olav-Uerden, Ordre de Léopold, Légion d'honneur, Ordre de la couronne de chêne, Chakri-Uerden, Erléiser-Uerden

D'Wilhelmina vun Holland, gebuer den 31. August 1880 zu Den Haag als Wilhelmina Helena Pauline Maria, a gestuerwen den 28. November 1962 um Schlass Het Loo, Prinzessin vun Oranien-Nassau, war Kinnigin vun Holland vun 1890 bis 1948. Vun 1890 bis 1898 war hir Mamm Regentin, 1898 ass d'Wilhelmina fir groussjäreg erkläert ginn an huet selwer d'Regierungsgeschäfter iwwerholl.

Si war d'Duechter vum Kinnek Wëllem III. an der Emma vu Waldeck-Pyrmont. Si war mam Heinrich Herzog vu Mecklenburg-Schwerin bestuet. 1948 huet si zu Gonschte vun hirer Duechter Juliana ofgedankt. Wärend den zwéi Weltkricher war si am Exil an England.

Commons: Wilhelmina vun Holland – Biller, Videoen oder Audiodateien