Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Junkers Ju 87 B „Picchiatello“ vun der italieenescher Regia Aeronautica
D'Junkers Ju 87(och Stuka genannt, ofgeleet vu Sturz-Kampffliger) war ee vun den däitsche Junkerswierker entwéckelten eemotoregen Déifdecker mat ageknéckte Flilleken, mat steifem Riedergestell an zwéi Mann Equipage.
E war haaptsächlech geduecht fir prezis Bommenattacken am Dag am Kader vun takteschen Asätz als Fliger, dee sech vun uewen op säin Zil gestierzt huet an am leschte Moment, ier e sech erëm opgeriicht huet, seng Bommen ofgeworf huet. Dobäi huet hien e Geräisch wéi eng Sireen vu sech ginn, e Geräisch, dat op de Feind demoraliséierend gewierkt huet. Seng Varianten, déi méi spéit entwéckelt goufen, koumen och als Schluechtfliger zum Asaz.