Käil

E Käil ass e Kierper, bei deem zwou Säiten an eng Richtung spatz zesummelafen. Käiler ginn dacks als Geschier gebraucht, fir eppes ze splécken, oder fir Kraaft ze iwwerdroen.
E Käil ass en einfache mechaneschen Dispositif, dee gebraucht gëtt, fir e Géigestand an zwee Deeler ze splécken, zwee uneneegehefte Géigestänn ze trennen, e Géigestand op der Plaz ze halen, oder e Géigestand unzehiewen, andeems d'Kraaft déi u senger Extremitéit applizéiert gëtt an eng senkrecht a mat méi engem grousse Modul Kraaft ëmgewandelt gëtt. Wat de Wénkel vum Käil méi kleng ass, desto méi grouss ass déi resultéierend Kraaft.
Och Schneidgeschier, wéi d'Beil an d'Messer souwéi Verbindungselementer wéi den Nol an d'Schrauf berouen um Prinzip vum Käil.
De Käil ass eng vun den einfache Maschinnen.
-
geometresch Form vun engem Käil
-
E Bamstamm, deen duerch d'Erandrécke vun zwéi metalle Käiler gespléckt gëtt.
-
Duerstellung vun engem Fauschtkäil an enger Hand
-
Eng Aaxt ass e Käil mat engem Still
| Commons: Käiler – Biller, Videoen oder Audiodateien |