Këschel

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
D'Fëschweiere vu Kënzeg am Dall vun der Këschel

D'Këschel ass eng kleng Baach an der Gemeng Käerjeng.

Si huet hir Quell zu Féngeg am Wäschbur. Si leeft vun do aus no Weste fir no ronn 800 Meter d'Fëschweiere vu Kënzeg bei der Flassbrichheck ze fidderen. Soubal se aus deenen eraus ass, leeft se 150 Meter méi déif an d'Millebaach.