Küsteschëff

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
E Caboteur no bei der Küst

E Küsteschëff, op Franséisch e Caboteur, op Englesch e "Feeder", ass e Schëff, dat am noe Beräich vun der Küst zirkuléiert, an, wéi et heescht, Cabotage mécht. D'Wuert Cabotage steet fir eng gewëss Zort vu Schëffsverbindungen, vu Verbindunge vun engem Miereshafen an en aneren, ouni de Beräich vun der Küst ze verloossen. Et gëtt dobäi eng Differenz tëscht nationalem (Häfen am selwechte Land) an internationalem Cabotage gemaach. Schëffer, déi Cabotage maachen, sinn eegens dofir gebaut an erfëllen net déi selwecht Uspréch wéi Schëffer, déi um oppene Mier zirkuléieren. D'Feedere sinn do fir Fracht vu groussen Häfen a méi klenger ze transportéieren oder vu klengen zeréck a grousser, fir dann an d'Ausland verschéckt ze ginn.

De Begrëff Cabotage gëtt et och, am selwechte Sënn, am Loft- a Stroosseverkéier.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]