Kārlis Šteins

Vu Wikipedia
Kārlis Šteins
Gebuer 13. Oktober 1911
Kasan
Gestuerwen 4. Abrëll 1983
Rīga
Nationalitéit Russescht Keeserräich, Lettland, Sowjetunioun
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser

De Kārlis Šteins, gebuer den 13. Oktober 1911 zu Kasan, Russland a gestuerwen de 4. Abrëll 1983 war e letteschen a sowjeteschen Astronom.

Am Joer 1934 hat de Šteins säin Astronomie-Studium op der Universitéit vu Lettland zu Riga ofgeschloss. Vun 19351936 an 1938 hat hien am Observatoire zu Krakau geschafft, a 1937 am Observatoire zu Kopenhagen. Zanter 1944 hat de Šteins op der Universitéit Lettland, geschafft, wou hien 1959 zum Direkter vum Observatoire beruff gouf an 1966 Professer gouf.

De Šteins gouf fir seng Aarbecht iwwer Koméite-Kosmogonie bekannt. Hien hat d'Äerdrotatioun studéiert a war un der Entwécklung vun astronomeschen Instrumenter bedeelegt. Wärend sengem Openthalt zu Krakau hat hien er d'Bunn vum 1933 entdeckten Asteroid 1933 OP berechent, deen hien no Lettland op Latvia gedeeft hat. Kuerz no sengem Doud gouf dee 1969 vum Nikolai Stepanowitsch Tschernych entdeckten Asteroid Šteins no him genannt.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (en) Lutz D. Schmadel: Dictionary of Minor Planet Names. 5. Oplo, New York 2003, S. 235